Sportsdeddessen

Fussball am Hotel Leweck

Newsletter: 

Salut!


Endlech ass ët nees sou wäit, den Season-Opening vun der Sportsdeddessen-Fussball-Saison steet virun der Dir!!! Nodeems eis Fussball-Summerpaus am September op en Enn geet si mir frou Iech matzedeelen dass mir desen Mëttwoch 21. September eis Wantersaison alauden!


Rendez-vous ass wéi gewinnt géint 19h20 an der Sportshal vum Hotel Leweck!


Mir freen eis well Iech rem all an kuerzen Boxen an héich motivéiert remzegesinn.


Avis aux amateurs a bis ë Mëttwoch! :)

Fussball am Leweck Mëttwoch 21.9.

Bonjuer léif Sportsfrënn!

Nodeems eis Summerpaus an der Hal am Leweck am September op en Enn geet si mir frou Iech matzedeelen dass mir den 21. September eis Wantersaison alauden. Rendez-vous geint 19.20 an de Vestiairen am Leweck. Mir freen eis Iech rem all an kuerzen Boxen remzegesinn. Fir déi déi léiwer Fitness man, wéi gewinnt och um 19.30. Avis aux amateurs!!

mat sportlëchen Gréiss,

De Comité

Sportsdeddessen maachen mat zu Weller um Beachvolleyballstournoi e Sonnden 31.7.2011

Newsletter: 

Och dest Joer maachem mir zu Weller Um Beachvolleyballstournoi mat e Sonnden 31.7.2011, also direkt deen Daag no 24-Stonnen-Velo-Wentger. Wien do wellt mat dobai sinn einfach umellen per mail op comite@sportsdeddessen.lu oder rufft un um 621 77 69 80


Daat Ganzt fankt Mettes um 13.30 un. Gespillt get zu Weller op 2 Terrainen