Fussball den 23/2/2011 am Hotel Leweck
Fussball den 23/2/2011 am Hotel Leweck
et geet wéi emmer lass um 19h30
et geet wéi emmer lass um 19h30
Salut Deddessen,
Muer ass Volleyballsowend mat engem klengen Volleyball-Fussball warm-up.
Rendez-vous um 19.30 an der Hal am Leweck.
Hoffen mir kréien rem eng gudd Equipp zesummen
Hei am Link kennt dir iech umellen
http://doodle.com/cb5eefvrmpxciur4
ären Comité
Salut Deddessen,
Wéi schon an der leschter Newsletter ugekënnegt fueren mir den 12. Februar op Kaiserslautern de Bundesligamatch 1.F.C. Kaiserslautern géint de Meeschter BVB kucken. De Match ass Samsdes owes um 18.30. Mir fueren entweder mat engem Sprinter oder awer mat Privatautoen doropper. Daat decidéieren mir duerno ... et sinn nach 7 Plaazen frai.
Salut Deddessen,
Haut den 2 Februar ass et rem souwäit, Sportsdeddessen treffen sech ab 19.15 an der Hal am Leweck wou mir eis hoffentlech rem zu enger gudder Band afannen fir ze kicken. Fir déi déi léiwer Fitness man oder awer eng Ronn schwammen ginn, all déi sinn natiirlech och welkomm. Avis aux amateurs!
Hei um Link kënnt dir Iech un- respektiv ofmellen.
http://doodle.com/b5a79dmst9h5vhfk
Hei nach e puer Infos an Datumer déi dir Iech onbedengt mierken sollt.
Salut Deddessen,
Heimat invitéieren mir dech nexten Mettwoch, den 19.1.2011 ab 19.20 op eisen traditionellen Kick am Sporthotel. Fir déi déi léiwer Sauna oder Fitness maachen stinn Geräter (Laafbänner, Velo, asw.) oder och Saunen fir dech zur Verfügung. Wanns du am Moment keen Sport kanns man bass du selbstverständlech och welkomm fir duerno mat eis e Patt ze drenken.
Next Woch schécken mir dir dann eisen provisoreschen Programm vun deenen nexten Méint waat mir alles sou mat Iech wëlles hun, virausgesaat dass du Loscht an Zait hues mat eis eppes ze ennerhuelen.
SALUT ZESUMMEN,
De Comite wënscht allen Sportsdeddessen nach eemol e glecklecht an gesond neit Joer 2011 - dass dir all är gudd Virsätz fir daat neit Joer duerchsetzt an enner aanerem och hoffentlech weider ganz d'Joer un eisen Manifestatiounen Deel huelt an e puer flotter Stonnen mat den Sportsdeddessen verbréngen kënnt. Och ären Frëndinnen a Frënn respektiv ären Madamen a Männer wënschen mir all Guddes am neie Joer an hoffen weiderhin op e bëssen Versteesdemech an mir soen lo schon MERCI dass dir är 2 Halschend heinsdo mat eis Sport maachen loosst.
Salut Deddessen,
Heimat wëllen mir Iech matdeelen dass mir dësen Mettwoch den 22. Dezember an och iwernexten Mettwoch den 29.12 d'Hal am Hotel Leweck fir Iech reservéiert hun. Mir geifen eis freeen wann dir dëst Joer nach eemol mat eis kickt an nach eemol zesummen mat eis prost. :)
Rendez-vous wéi gewinnt um 19.30 an der Hal.
bis denne
de Comite

Salut!
Haut den Owend ass nees Fussball ënnert dem Motto "After-Wintercup-2010-Kick" ab 19h30 an der Sportshaal zu Lëpschent.
De Comité