E Mettwoch den 8. Dezember leschten Warm-up virum Deddessen Wintercup e Sonnden
Salut Deddessen,
Nodeems leschten Mettwoch de Football ausgefall war well den Hotel zou haat, wollten mir Iech heimat Bescheed soen, dass e Mettwoch de Ball rem rullt - dofir wéi gewinnt Rendez-vous um 19.30 an der Hal am Sporthotel. Mir erenneren och nach eemol drun dass e Sonndenn den 12. Dezember eisen Deddessen Wintercup ass an wieren frou wann deen een oder aaneren vun Iech nach geif eng Equipp man. Bis lo sinn 7 Equippen secher dobai. Fir déi déi nach net ugemellt sinn oder och nach net bezuelt hun erenneren mir nach eemol drun dass dir daat dës Woch nach kennt man. Merci