Sportsdeddessen

Summerlach ass riwer am Hôtel Leweck, de Ball rullt rem

Salut Deddessen,


Heimat erënneren mir Iech nach eemol drun dass eis Football-Saison an der Hal am Sporthôtel muer den 8. September rem ufänkt a mir frou wieren wann dir mat dobäi wierd. Duerno drenken mir dann nach e klengen Patt an der Charly's Bar. 


Eis next Manifestatiounen sinn:


- Deddessen Football-Wintercup (am Dezember)


- Paintball (16. Oktober 2010)


- e Bundesligamatch (Datum gëtt demnext fixéiert)


- etc.


de Comité

Deddessen sinn invitéiert op dem Bonsi seng Party mat Cluster5 zu Bastenduerf

Salut Deddes,

Heimat erenneren mir nach eemol drun dass mir muer Donneschden den 2. September zesummen op Fouer ginn. Mir als Comitee géifen eis freen wann mir zu enger gudder Band wieren fir dass et och e flotten owend gëtt. Bis lo sinn eng 15 Leit dobai. Mir treffen eis wéi gesoot beim Rieserad (Schwarzwaldhaus) um 19.00 Auer, duerno gi mer dann eppes klenges iessen... duerno vlait och op daat eent oder aanert Spill;) we'll see:)

Sportsdeddessen gin op Fouer

Heimat invitéieren mir dech haerzlech nexten Donneschden den 2. September mat eis zeummen op Fouer ze goen. Mir treffen eis ab 19.00 Auer virum Rieserad. Fir déi déi schon éischter do sinn ass Schwarzwaldhaus di richteg Adress. Fir de klengen Honger owes ass och gesuergt... mir hun en Dësch reservéiert am Friture Armand Zelt. Di besser Halschend ass natiirlech och invitéiert ;)

Mir géifen eis freen wanns du dobai wiers, et gëtt rëm vill ze zielen;)

Confirméiert eis är Präsenz andeems dir op desen Link gidd.

Escher Kulturlaf

Newsletter: 

Mir wëllen esou vill wéi méiglech Leit zesumme kréien fir zu Esch um Kulturlaf mattzelafen.

Et sinn e puer verschidden Disziplinnen:

  • 10 km
  • 16 km
  • Staffel 4 x 4km

Wann der interesséiert sidd mattzelafen, deelt eis dat w.e.g. matt, an gitt bei der Umeldung um Site www.kulturlaf.lu als Club Sportsdeddessen a.s.b.l. un. (Jo dir musst Iech selwer umellen ;-) )

Déi Leit, déi net wëlle mattlafen, kënne jo eis Leit supportéire kommen.

Den August maachen Sportsdeddessen Summerpaus am Leweck

Salut Deddessen,

Heimat deelen mir Iech mat, dass mir um 24-Stonne-Wentger eng 53 an 72 Plaaz gemeet hun. E groussen MERCI all deenen déi mat dobai waren op als aktive Coureur oder awer als Supporter. Et war wirklech een mega flotten Daag respektiv Nuecht an mir freen eis lo schon op next Joer an dorops dass dir rem all mat dobai sidd. Fotoen vun Wentger awer och vun eisen aaneren Aktivitéiten wéi Summercup, Tour de France, Weller Beachvolleyball asw.kommen demnext op de site.