Memberskaart 2014

Léiwen Member vun de Sportsdeddessen,

 

No engem weideren erfollegräiche Joer 2013 si mir als Komitee am gaangen weider vill flott Aktivitéiten fir d'Joer 2014 ze plangen.

 

Nodeems mir op der Assemblée Générale de leschte Freiden 14. März 2014 ee positiven Bilan konnten zéien, sin natiirlech och déi nei Memberskaarten fir 2014 ze kréien!

 

Eis Memberskaart fir déi nei "Saison" bleift weiderhin bei 10€ fir ee ganzt Joer.

 

Don machen

Niewent eisen aktiven Memberen sin natiirlech och eis Membres donateurs ee wichtege Bestanddeel vum Veräin.

 

Ween eis ënnerstetzen wëll, kann daat mat engem Don per Virement op eise Kont bei der Spuerkeess maachen oder per Paypal oder direkt mat der Kaart:

 

Kontonummer: LU52 0019 3255 6229 3000

Bank: Spuerkeess - BCEELULL

 

Kommunikatioun: Membre donateur + Numm + Virnumm

 

Minimum Montant: 5€

 

Mir soen am viraus Villmols Merci fir d'Ënnerstëtzung! 

 


ING night marathon - mir siche Leit fir 8, 9, 11, 13, 21,1 an 42,2 km

Salut Deddessen,

 

Wéi déi lescht Joeren, maachen d'Sportsdeddessen dëst Joer erëm eng Equipp fir de Staffellaf den 31.5 beim Marathon an der Stad matzelafen.

 

Een Team besteet aus 4 Leefer. All Leefer brauch just zweschen 8 an 13km ze laafen. Jidder Member ka mattlafen, et sinn jo nach e puer Méint fir ze trainéieren, an et geet net em eng gëlle Kou.

D'Startgeld ass 25€/Persoun, mee d'Sportsdeddessen leeën eppes klenges bäi.  Macht iech bäi. Déi éischt si fir.