Fussball am Hotel Leweck

Newsletter: 

Salut!


Endlech ass ët nees sou wäit, den Season-Opening vun der Sportsdeddessen-Fussball-Saison steet virun der Dir!!! Nodeems eis Fussball-Summerpaus am September op en Enn geet si mir frou Iech matzedeelen dass mir desen Mëttwoch 21. September eis Wantersaison alauden!


Rendez-vous ass wéi gewinnt géint 19h20 an der Sportshal vum Hotel Leweck!


Mir freen eis well Iech rem all an kuerzen Boxen an héich motivéiert remzegesinn.


Avis aux amateurs a bis ë Mëttwoch! :)

Fussball am Leweck Mëttwoch 21.9.

Bonjuer léif Sportsfrënn!

Nodeems eis Summerpaus an der Hal am Leweck am September op en Enn geet si mir frou Iech matzedeelen dass mir den 21. September eis Wantersaison alauden. Rendez-vous geint 19.20 an de Vestiairen am Leweck. Mir freen eis Iech rem all an kuerzen Boxen remzegesinn. Fir déi déi léiwer Fitness man, wéi gewinnt och um 19.30. Avis aux amateurs!!

mat sportlëchen Gréiss,

De Comité

Sportsdeddesen maachen de Samsden den 10 September um Discover Luxembourg Ralley an der Stad mat

E Samsden maachen Sportsdeddessen e Rally duerch Stad mat. Um Site http://www.discover-luxembourg.lu/ fannt dir all wichteg Informatioun déi Dir braucht. Wann Dir wëllt mat dobai sinn soot eis sou séier wi méiglech um comite@sportsdeddessen.lu Bescheed. Iwer Formalitéiten informéieren mir Iech soubaal Dir Iech fir dëst Event bei eis ugemellt huet. 

Di next Aktivitéiten nach vun dësem Joer vun de Sportsdeddessen ginn next Woch op eiser Homepage veröffentlecht!