WICHTEGEN RAPPEL!!! Memberskaa​rten 2011 an Update Donnéen

 


Salut!


Hei nach ee Rappel vun der Mail vum 25. Abrëll.


Daat éicht Joer vun den Sportsdeddessen ass riwwer, an säit der Assemblée Générale virun baal 2 Méint, gin ët eis nei Memberskaarten fir 2011!


D'nächst Woch wärten mir dann och eis Mailinglëscht fir d'Newsletteren "à jour" setzen, mee eng Partie Leit hun leider bis haut nach nët iwwerwisen fir déi nei Memberskaart ze kréien!

Bike 4 life

Salut Deddessen,

Nexte Samsden de 7. Mee fueren d'Sportsdeddessen zu Ettelbreck um bike4life mat. Mir wieren frou wann dir geift mat eis matfueren oder am Deddessen Trikot eis geift ennerstetzen kommen.... daat ass den offiziellen Télévie-Daag also kennt dir do och eppes fir de gudden Zweck man:)

Wann dir wellt matfueren dann melld Iech sou schnell wéi méiglech um 621 77 69 80. Mir si frou fir jiddereen deen geif matfueren, et geet net em eng gëlle Kou!! Wann een e Mountainbike brauch, ass och keen Probleem mir hun der 2 op Reserve;)

WICHTEG!!! Memberskaart 2011 an Update Donnéen

Salut léiwen Member!


D'Sportsdeddessen a.s.b.l. gëtt ët mëttlerweil méi wéi ee Joer! :) Nodeems mir op der Assemblée Générale den 16. März 2011 een super Bilan konnten zéien, waat eist éicht Joer ugeet, hu mer dann hei nach 2 wichteg "administrativ" Saachen:

 

1. Memberskaarten 2011

Daat éicht Joer ass riwwer, an säit der Assemblée Générale gin ët eis nei Memberskaarten fir 2011 ze kaafen!