Sportsdeddessen invitéieren dech heimat ganz haerzlech op eis 1. Assemblée Générale den 16. März um 19.30 am Sporthotel Leweck

Salut Deddessen,

Hoffen dir sidd all mat dobai... mir hun Iech e flotten Rapport virbereed mat ville Fotoen vun allen Evenementer, an eng turbulent Agenda mat enger ganz Rei flotten Aktivitéiten am Joer 2011 Cool 

Hei déi offiziell Invitatioun:

 

 
                                                                                

Sportsdeddessen hëllefen den 26. März de Comptoir maachen op der Miss Petticoat Party an der Sëerei

Freides den 26 März hëllefen Sportsdeddessen bei engem groussen Event am Norden de Comptoir man. Miss Petticoat Party an der aaler Sëerei zu Dikkrech. Do brauchen mir onbedéngt nach Leit déi hëllefen schaffen. Wien Loscht an Zäit huet eis eng Hand mat unzepaaken deen soll sech mellen op der email-Adress comite@sportsdeddessen.lu oder um 621 77 69 80. Detailer kommen no.... mee haalt Iech deen Datum schon mol frai! 

ären Comite

Sportsdeddessen spillen e Mettwoch den 2. Februar rem Fusi am Leweck R-V 19.15

Salut Deddessen,

Haut den 2 Februar ass et rem souwäit, Sportsdeddessen treffen sech ab 19.15 an der Hal am Leweck wou mir eis hoffentlech rem zu enger gudder Band afannen fir ze kicken. Fir déi déi léiwer Fitness man oder awer eng Ronn schwammen ginn, all déi sinn natiirlech och welkomm. Avis aux amateurs!

Hei um Link kënnt dir Iech un- respektiv ofmellen.

http://doodle.com/b5a79dmst9h5vhfk

Hei nach e puer Infos an Datumer déi dir Iech onbedengt mierken sollt. 

Sportsdeddessen invitéieren op eisen traditionellen Kick am Sporthotel den 19.1.2011

Salut Deddessen,

Heimat invitéieren mir dech nexten Mettwoch, den 19.1.2011 ab 19.20 op eisen traditionellen Kick am Sporthotel. Fir déi déi léiwer Sauna oder Fitness maachen stinn Geräter (Laafbänner, Velo, asw.) oder och Saunen fir dech zur Verfügung. Wanns du am Moment keen Sport kanns man bass du selbstverständlech och welkomm fir duerno mat eis e Patt ze drenken.

Next Woch schécken mir dir dann eisen provisoreschen Programm vun deenen nexten Méint waat mir alles sou mat Iech wëlles hun, virausgesaat dass du Loscht an Zait hues mat eis eppes ze ennerhuelen.