Sportsdeddessen ginn Paintball spillen
Mir invitéieren dech mol eemol eppes ganz Neies mat eis ze man. Mir ginn Paintball spillen an hoffen du bass dobai. Wéi daat genee ofleeft do soen mir dir an deneen nexten Deeg Bescheed
Mir invitéieren dech mol eemol eppes ganz Neies mat eis ze man. Mir ginn Paintball spillen an hoffen du bass dobai. Wéi daat genee ofleeft do soen mir dir an deneen nexten Deeg Bescheed
After Summerkick am Hotel Leweck, um 19.30 geet et lass.
Salut Deddessen,
Heimat erënneren mir Iech nach eemol drun dass eis Football-Saison an der Hal am Sporthôtel muer den 8. September rem ufänkt a mir frou wieren wann dir mat dobäi wierd. Duerno drenken mir dann nach e klengen Patt an der Charly's Bar.
Eis next Manifestatiounen sinn:
- Deddessen Football-Wintercup (am Dezember)
- Paintball (16. Oktober 2010)
- e Bundesligamatch (Datum gëtt demnext fixéiert)
- etc.
de Comité

Op engem summerlechen Augustsonndeg hu mir eis um Stau mam Kajak op de Wee duerch eng wonnerschéin Landschaft gemeet, war wirklech super!
Op engem flotten Weekend zu Weller mat Beachparty an Volleyballstournoi hu mir eis super ameséiert an bei deem een oder aaneren ass et och e bessen méi spéit ginn ;) ......war awer wéi emmer e super Event. Wien méi Fotoen wëll gesinn muss sech bis AG gedëllegen ... Insider :)
Mir siichen Leit déi Loscht hun den 12. September mat op Housen Mountainbike fueren ze goen. Et ginn verschidden Schwieregkeetesgraden. Hei um Link fannt dir all Informatiounen déi dir braucht. Wann dir interesséiert sidd mat eis fueren ze goen meld Iech bei engem Comiteesmember oder op comite@sportsdeddessen.lu
Mir sichen Leit déi interesséiert sinn mat eis op den Footballs-Tournoi vum Centser Jugendclub ze kommen. Si waren och op eisem Tournoi zu Gilsduerf an sinn wirklech fein Jongen.... mee gëtt Zait dass een hinnen weist wéi een richteg Football spillt ;-) . Meld Iech schnell un op comite@sportsdeddessen.lu
Salut Deddes,
Heimat erenneren mir nach eemol drun dass mir muer Donneschden den 2. September zesummen op Fouer ginn. Mir als Comitee géifen eis freen wann mir zu enger gudder Band wieren fir dass et och e flotten owend gëtt. Bis lo sinn eng 15 Leit dobai. Mir treffen eis wéi gesoot beim Rieserad (Schwarzwaldhaus) um 19.00 Auer, duerno gi mer dann eppes klenges iessen... duerno vlait och op daat eent oder aanert Spill;) we'll see:)
Heimat invitéieren mir dech haerzlech nexten Donneschden den 2. September mat eis zeummen op Fouer ze goen. Mir treffen eis ab 19.00 Auer virum Rieserad. Fir déi déi schon éischter do sinn ass Schwarzwaldhaus di richteg Adress. Fir de klengen Honger owes ass och gesuergt... mir hun en Dësch reservéiert am Friture Armand Zelt. Di besser Halschend ass natiirlech och invitéiert ;)
Mir géifen eis freen wanns du dobai wiers, et gëtt rëm vill ze zielen;)
Confirméiert eis är Präsenz andeems dir op desen Link gidd.