D'Sportsdeddessen laafen den ING Europe Marathon an 3:37:44. Respekt. :-)
Mir gratuléieren eisen Deddessen déi beim ING Europe Marathon mattgelaf sinn, an soen merci un all déi, déi eis supportéiert hun.
Hei d'Resultater:
Mir gratuléieren eisen Deddessen déi beim ING Europe Marathon mattgelaf sinn, an soen merci un all déi, déi eis supportéiert hun.
Hei d'Resultater:
SPORTSDEDDESSEN felicitéieren nach eemol dem Chrëschtnecher Football fir den Opstiig an 2. Divisioun an gratuléieren hinnen och fir deen flotten Bodykicker TOURNOI deen super organiséiert war. All Respekt Jungs - et huet ons richteg vill Spass gemeet.
Wollten Iech matdeelen dass mir zu Wentger déi 53. an 72. Plaaz beluecht hunn :) Wann een bedengt dass mir quasi keng Velosvedetten um Start haaten, hun mir eis ganz gudd verkaaft.... Et waren laang opreegend 24 Stonnen wou mir eis all top ameséiert hun an vill Spaass haaten. Fotoen vun dësem Event kommen demnext op de site. Wann dir méi Detailer wëllt gewuer ginn iwer daat Event dann gidd op http://www.24hwentger.lu/
Am Juli haaten mir eisen 1. Deddessen Summercup wou eng 14 Equippen an e ganze Koup Supporter a Sympathisanten um Start waren déi bei herrlechem Summerwieder een flotten Daag verbruecht hun. Bei engem gudden kaalen Dikkrecher, Caipirinha a knusperege Spezialitéiten vum Grillmeeschter hu mir eis et all gudd goen gelooss. War e super Daag a mir freen eis lo schons op next Joer. Mir hun hei just e puer Fotoen op de Site gesaat déi aaner 300 weisen mir Iech dann all op eiser 1 AG am Wanter. Surprise;)
Mir wëllen esou vill wéi méiglech Leit zesumme kréien fir zu Esch um Kulturlaf mattzelafen.
Et sinn e puer verschidden Disziplinnen:
Wann der interesséiert sidd mattzelafen, deelt eis dat w.e.g. matt, an gitt bei der Umeldung um Site www.kulturlaf.lu als Club Sportsdeddessen a.s.b.l. un. (Jo dir musst Iech selwer umellen ;-) )
Déi Leit, déi net wëlle mattlafen, kënne jo eis Leit supportéire kommen.
D'Summerpaus ass eriwwer an am Hotel Leweck gëtt erem gekickt.
Op engem flotten Tournoi organiséiert vum Burschter Fussball machen Sportsdeddessen eng respektabel 9. Plaaz.
Next Joer waerten mir secher rem dobai sinn, dann awer eemol mat Training.
Am WM-Zelt war am Juni a Juli eng méi lass. Bei guddem Wierder, Grill-Ambiance an engem kaalen Béier mecht et einfach Spass mat Kolleegen WM ze genéissen. Hei e puer Biller dozou.
Mat ganz vill Pech hu mir et dëst Joer leider verpasst an Véirelsfinallen ze kommen. Op engem flotten Tournoi mat leider net emmer guddem Wieder hu mir eis rem këstlech ameséiert. Next Joer waerten mir dann eemol mat Training un deem Event Deel huelen an hoffentlech dann Chance op eiser Sait hun. Kiischpelter Jeunesse huet daat tip top organiséiert a wien wees vlait si mer next Joer jo vlait zu méi Equippen um Start. Fir méi Detailer vun desem Event, gidd op de site vun der Kiischpelter Jeunesse.