E Mettwoch den 8. Dezember leschten Warm-up virum Deddessen Wintercup e Sonnden

Salut Deddessen, 

Nodeems leschten Mettwoch de Football ausgefall war well den Hotel zou haat, wollten mir Iech heimat Bescheed soen, dass e Mettwoch de Ball rem rullt - dofir wéi gewinnt Rendez-vous um 19.30 an der Hal am Sporthotel. Mir erenneren och nach eemol drun dass e Sonndenn den 12. Dezember eisen Deddessen Wintercup ass an wieren frou wann deen een oder aaneren vun Iech nach geif eng Equipp man. Bis lo sinn 7 Equippen secher dobai. Fir déi déi nach net ugemellt sinn oder och nach net bezuelt hun erenneren mir nach eemol drun dass dir daat dës Woch nach kennt man. Merci

Fussball am Sporthotel Leweck vum 1. Dezember op den 8. Dezember verreckelt

Salut Deddessen,

Mir wollten Iech just Bescheed soen dass dësen Mettwoch den 1. Dezember keen Fussball an der Hal am Hotel Leweck ass. Den Hotel ass zou an dofir verleen mir daat op nexten Mettwoch den 8. Dezember. Desweideren erenneren mir nach eemol drun dass mir e Freiden den 3. Dezember an Fuussekaul Bowling spillen ginn. Mir iessen och do an spillen op 2 Bunnen een klengt Tournéier. Hoffen dir sidd all mat dobai. Rendez-vous ass um 19.00-19.30 an der Fuussekaul.

Sportsdeddessen Wintercup 2010 e Sonnden den 12. Dezember am Hotel Leweck

Mir invitéieren Iech den 12 Dezember 2010 alleguer an Hal vum Hotel Leweck ze kommen. Mir organiséieren do e flotten Tournoi fir 10 Equippen (4+1 mat Reservespiller).

Start ass um 13.00 (1. Match um 13.30)

End ass um 19.00

Fir Iessen an Drenken an eng flott Ambiance ass gesuergt.

Meld Iech un op comite@sportsdeddessen.lu oder ruff op den 621 77 69 80

Mir froen eng Participatioun vun 35 € pro Equipp. Eisen Kont op der Spuerkees ass den

Deddessen Wintercup Sonndes den 12. Dezember an der Hal vum Sporthotel Leweck

Newsletter: 

E Sonnden den 12. Dezember invitéiert de Comite Iech op eisen traditionellen Wintercup am Sporthotel Leweck. Genee wéi am Summer organiséieren mir eisen Tournoi awer lo am Wanter am Sporthotel. Den Tournoi ass op 10 Equippen limitéiert. Déi éischt sinn vir.

Start: 13.00 (1 Match um 13.30)

End: 19.00

Duerno iessen mir do fir déi déi dobleiwen. Hoffen dir all Loscht op e flotten Sonndegnomëtten

Mat den Deddessen op den Tour de France 2011

Salute Deddessen,

Nodeems mir zu 3 comitésmembren dest Joer den Tour de France kucken woren an deck
begeeschtert woren, hu mir direkt décideiert 2011 nach emol ze goen. Et gett Velo gefuer (keng
Mussesach), owes gudd gees an vill gelacht, an natiirlech ons Jongen lautstark ennerstetzt.

Onseren Member den Bisi (Besenius Eric) hutt lo een chalet fir 15 Leit reserveiert, deen awer elo
schonns complet ass.

Et sinn momentan nach chalets ze kreien, mee mir wessen net wie laang die na frei sinn. Dofir wanns