Den Tippspill-Podium versvollstännegen 6 Punkten hannert dem Japs den Diogo Barreiro and Mariette Thilmany, den Diogo ass 2. duerch déi 7 Volltreffer, d'Mariette ass also 3. an domatt beschten Damm, 2 Punkten virum Jenny Frères op der 4. Plaz.
Am Tippspill heescht eise Weltmeescher "Japs", hien huet de richtege Weltmeeschter getippt, an haat de Messi als Torschütze, deen ëmmerhin 7 Goaler geschoss huet, an 8 Volltreffer !! Gratulatioun zum Gewënn vum 1. Präiss am Deddessen WM Tippspill 2022 !!
Héichspannung bis zur leschter Minutt wéi verpsrach - Argentinien gewënnt am 11m-Schéissen an gëtt fir d'3. Weltmeeschter - 3 Goaler vum Mbappé, 2 vum Messi, déi meeschte Goaler huet Frankräich matt 16 geschoss - et war alles dran !!
Sensationell schéisst den Mbappé 2 Goaler bannen 2 Minutten, a Frankräich gläicht domatt aus. Den Diogo iwwerhëölt rem d‘Féirung.
2-0 féiert Argentinien no 35 min !! Duerch de Goal vum Messi klëmmt de Japs op déi 1. Plaz an den Earthling op déi 4. !
Op jiddefall ass et eng Top-Finall, souwuel vum fussballerschen wéi vum Tippspill hier, matt den Dueller Argentinien (35 x getippt) - Frankräich (34x) an Messi (33x) - Mbappé (62x). Spannung garantéiert bis déi lescht Minutt! Enjoy!
Gewënnt Frankräich, huet den MJ gutt Chancen op den Titel, virausgesat de Messi schéisst net méi Goaler wéi den Mbappé. An deem Fall huet de Luc R. (16.) och nach gutt Chancen op de Podium, well hien Frankräich bei de meeschte Goaler getippt huet.
Wann Argentinien Weltmeeschter gëtt, huet de Japs definitiv déi beschte Chancen op den Titel am Tippspill, do misst den Mbappé schonn 3 Goaler schéissen an de Messi keen fir datt de Bruno Brunetti nach d'Chance hätt vu Plaz 14 op 1 ze klammen.