Bei eis behällt den Diogo d‘Féirung virum Ha, de Mike Kraus klëmmt duerch säin 2-1 Tipp op Japan op déi 3. Plaz, punktgläich mam Luc R. (4.)
Verréckte Welt um Donneschdeg Owend: Däitschland gewënnt zwar an engem turbulente Match um Enn 4-2 géint tapfer Costa Ricaner, mee scheed awer aus well parallel Japan sensationell 2-1 géint Spuenien gewënnt an domat 1. ass viru Spuenien !
En 0-0 géint Kroatien geet eise belsche Noperen net duer an sie sinn domatt eliminéiert, 1. gëtt Marokko an 2. Kroatien. Am Tippspill ännert op den éischten 4 Plazen näischt. All déi Matspiller déi d'Belsch an hire Favoriten hunn (62) ginn eidel aus.
Op déi 4. Plaz klëmmt LuxPocahontas matt senationellen 11 Volltreffer an ass als beschten Damm eng Plaz virum punktgläichen Jenny Frères mat 10 Volltreffer !!
Nodeems Argentinien a Polen sech och fir d'1/8-Finall qualifizéiert hunn, ginn et och Changementer am Tippspill: den Diogo Barreiro féiert elo mat 121 Punkten, 2 Punkten virum Ha Nguyen an 3 virum Luc R.
Vu que datt kaum een op déi Resultater getippt huet, ännert am Tippspill Klassement ganz wéineg a mir hunn och weiderhin en Trio un der Spëtzt matt 112 Punkten. Australien huet iwwregens just d' OesCa als Favorit gewielt, an zwar direkt als Weltmeeschter!
Australien gewënnt 1-0 géint Dänemark an qualifizéiert sech als 2. hanner Frankräich fir d'1/8-Finall, obwuel la Grande Nation 0-1 géint Tunesien verléiert.