Wann Argentinien Weltmeeschter gëtt, huet de Japs definitiv déi beschte Chancen op den Titel am Tippspill, do misst den Mbappé schonn 3 Goaler schéissen an de Messi keen fir datt de Bruno Brunetti nach d'Chance hätt vu Plaz 14 op 1 ze klammen.

Den éischte Präiss vun eisem Tippspill steet schonn definitiv fest, an zwar ass daat eng Tablett Schockela fir de Loris Stankovic, deem déi 225. an domatt leschte Plaz net méi ze huelen ass. Traditionell gëtt et dofir ëmmer eng Tablett Schockela !

Waat d'Géigegoaler ugeet, läit Costa Rica mat 11 kloër vir an et ass och äusserst onwahrscheinlech datt daat nach ännert. Well deen héchsten am Ranking matt deem Tipp op der Plaz 31 läit (Hinti), spillt daat keng Roll méi fir de Podium.

Bonus Tipps "meescht Goaler" an "meescht Géigegoaler": momentan hunn England a Frankräich 13 Goaler, an Argentinien 12. Wa puer Equippen gläichop un der Spëtzt sinn no de leschten 2 Matcher, kritt jiddereen 5 Punkten deen op eng vun hinne gesat huet.

Frankräich gewënnt 2-1 géint England, den Harry Kane schéisst een 11m eran, deen 2. driwwer. Am Klassement ännert net vill, hunn déi éischt 32 (!) all Frankräich als Favorit. D'Mariette Thilmany klëmmt op déi 2. Plaz duerch de Goal vum Harry Kane.

England-Frankräich heescht déi lescht Véirelsfinall, mat vill Spannung am Tippspill, hunn dach 153 Spiller Frankräich an 76 England als Favorit, a bei de Goalgetter hoffen 5 an den Top 10 op Goaler vum Mbappé, d'Mariette Thilmany hofft op den Harry Kane!