Nodeems hien weider 4 Punkten bäikrut duerch d'Qualifikatioun vun Holland fir déi nächst Ronn, plus 3/4 richteg Tendenzen gëschter, huet den Hinti d'Féirung iwwerholl, allerdéngs punktgläich mam Ha Nguyen a mam Luc R., awer matt däitlech méi Volltreffer.
Am Tippspill féiert weiderhin den Ha Nguyen mat 101 Punkten, 2 Punkten virum Hinti, a 5 Punkten virum Diego Barreiro, bei deem schonn 3 vu 4 Favoriten an der nächster Ronn sinn (12 Punkten, Kolonn X), wéi och bei de Spiller op de Plazen 4-9.
Ghana gewënnt 3-2 géint Südkorea, Brasilien setzt sech 1-0 géint d'Schwäiz duerch, an qualifizéiert sech genausou fréizäiteg fir d'1/8-Finall wéi Portugal déi den Owend Uruguay mat 2-0 klappen.
Spektakuläre Match um Méindeg Moien eiser Zäit, wou sech, nodeems Kamerun 1-0 vir war an Serbien 3-1 vir war, béid Equippen 3-3 trennen. De Leader Ha Nguyen haat op ee Gläichspill gesat, an baut sou séng Féirung aus op 6 Punkten virum 2., dem Hinti.
Als Erklärung: Well Frankräich schonn fir d'1/8.-Finall qualifizéiert ass, krut jiddereen deen sie als ee vun 4 Favoriten getippt huet schon 4 Punkten guttgeschriwwen (Kolonn X). 9 Punkten ginn et och schonn fir déi 62 Tipper déi den Mbappé getippt hunn.
Am Tippspill behällt den Ha Nguyen d'Féirung, 2 Punkten virum Hinti deen sech duerch staark 9 Volltreffer erem ropgeschafft huet! Do 2 Punkten hannen drun kënnt den Yves B., 3 Punkten virum Earthling op der 4. Plaz.
Nodeems um Samsdeg d'Favoriten Argentinien a Frankräich sech duerchsetzen géint Mexiko resp. Dänemark , verléieren eis belsch Noperen haut dach iwweraschend 0-2 géint Marokko. Am Spëtzematch trennen sech Spuenien an Däitschland 1-1.