Mat séngem 5. Volltreffer bei Katar-Senegal (1-3) iwwerhëlt den Ha Nguyen erem d'Tabellespëtzt, 4 Punkten virum Jos deen op d'Katari gesat hat. Et folgen de Beppo an de Keeven Schaul op de Plazen 3 a 4.
An eisem Tippspill huet daat folgend Repercussiounen: de Jos bleift vir, knapp 1 Punkt virum Ha. De Podium ronnt d'Nicole op der 3. plaz of als beschten Damm momentan (virum Mandy, 7.). Do 1 Punkt hannendrun folgt den Trio Keeven, Yves an Beppo.
Nodeems gëschter Owend Brasilien sech mat enger gudder Leeschtung souverän 2-0 géint Serbien duerchgesat huet, gewënnt haut Iran an der laanger Nospillzäit och 2-0 géint Wales, bei denen kuerz virdrun de Goalkipp vum Terrain geflunn ass.
3 Matcher bleiwen nach haut fir déi 1. Ronn ofzeschléissen, matt ënnert anerem eis Frënn aus Portugal um 17h géint Ghana, an den meeschtgetippten Weltmeeschter (181x !!) Brasilien, deen am Owesmatch um 20h eiser Zäit géint Serbien untrëtt.
Am Tippspill iwwerhëllt de Jos d'Féirung matt 41 Punkten, 2 Punkten virum Trio Hinti, Yves Schmitz an Ha Nguyen.
Nodeems sech gëschter Spuenien ganz easy géint Costa Rica 7-0 duerchsetzen, an eis Belsch Noperen sech ganz schwéier a matt vill Gléck 1-0 géint Canada duerchsetzen, huet sech d'Schwäiz de Mëtteg mat 1-0 géint Kamerun duerchgesat.