De Mëtteg setzt sech Kroatien no laangem Kampf schlussendlech am 11m Schéissen géint Japan duerch. Well awer just 1 vun 225 Matspiller Kroatien als Favorit getippt huet, ännert daat wéineg an eisem Klassement.
Am Tippspill bleift den Diogo Barreiro vir, allerdéngs punktgläich mam Mariette Thilmany wat duerch England an de Kane ophëllt, allerdéngs kann den Diogo nach en Dënschdeg op Portugal hoffen fir 4 Punkten méi ze kréien. 3. ass den Ha Nguyen op 1 Punkt..
Och ouni getippten Resultater goufen haut bei denen 2 Matcher gläich 17 Punkten verdeelt: jeweils 4 fir déi déi Frankräich an/oder England als Favorit hunn, 3 Punkten fir de Goal vum Harry Kane an 6 Punkten fir déi 2 Goaler vum Mbappé.
Frankräich gewënnt 3-1 géint Polen an England klappt de Senegal mat 3-0, domatter spillen béid al europäesch Rivalen e Samsdeg an der Véireslfinall géinteneen.
Interessant dass déi 14 éischt vum Klassment just 4 Weltmeeschter getippt hunn: Argentinien (5), Brasilien (4), Frankräich (3), Portugal (2). Setzt sech hier bishereg Tipp-Qualitéit also weider duerch, misst eng vun dene 4 Equippen Weltmeeschter ginn.
No deems zwou 1/8-Finallen gespillt sinn, féiert weiderhin den Diogo Barreiro matt 136 Punkten, knapps 1 Punkte virum Japs a virum Mariette Thilmany op de Plazen 2 an 3.
Dobäi kënnt nach dass hien Däitschland als Weltmeeschter getippt huet an de Benzema als Torschützenkönig, a béide Fäll kënnen keng Punkten dobäi kommen, sou dass hien sech mam Titel vum "beschten Match-Tipper" muss zefridde ginn.
Woubäi eis 2 bescht Dammen (Mariette Thilmany and LuxPocahontas) op de Plazen 3 a 4 nach ganz gutt am Rennen leien am "Général", gesäit et fir den Grégoire Hild manner gutt aus, sinn 2 vu sénge 4 Favoriten schonn eraus (Belsch an Däitschland).
Déi 48 Matcher vun der Gruppephase am beschten getippt huet iwwregens den Grégoire Hild (115 Punkten, 8 Volltreffer) virum Mariette Thilmany (115 Punkten, 3 Volltreffer) an dem LuxPocantas (113 Punkten, 11 Volltreffer = Rekord).