Japan gewënnt sensationnell 2-1 géint Däischland, an och am Tippspill iwwerhëllt den Ha Nguyen matt engem Volltreffer d'Féirung virum Hansi sénger Mannschaft !! Am 1. Match vum Dag tëscht Marokko a Kroatien gëtt et schonn deen drëtten 0-0 am 9. WM-Match.

De Podium vum Tippspill bilden no 8 Matcher dem Hansi séng Mannschaft an d'Marianne matt 30 Punkten, 2 Punkten virum Hinti, allen 3 hunn se op den Mbappé gesat, an allen 3 haten se schonn ee Volltreffer beim Eröffnungsspill (Katar-Ecuador 0-2).

Am Owesmatch klappt Frankräich Australien mat 4-1, woubäi den meeschtgetippten Goalgetter (62x) Kylian Mbappé zouschléit an ville Leit domatt 3 Bonuspunkte bréngt. De Giroud trëfft gläich duebel a bréngt dem Denis Welu gläich 6 Punkten.

Um 3. Dag nodeems d'Halschent vun den Equippen hiren 1. Match hannert sech hunn, gouf et déi 1. gréisser Iwweraschung: Saudi-Arabien klappt den Matfavorit op den Titel Argentinien mat 2-1. De Messi schéisst awer 1 Goal, ëmmerhin Goalgetter vun 33 Tipper.