Duerch de Goal vum Messi an d'Qualifikatioun vun Argentinien fir d'Halleffinallen, klëmmt de Japs op déi 2. Plaz., Argentinien ass och säi Weltmeeschtertipp, sou wéi dem Mariette säin op der 2. Plaz, déi also béid nach kënnen d'Tippspill gewannen.
Duerch de Goal vum Neymar klëmmt LuxPocahontas op déi 2. Plaz, 3 Punkten hannert dem Leader Diogo Barreiro. Mam Mariette Thilmany as momentan eng 2. Fra um Podium vum Tippspill.
Bei wäitem am meeschten (85) Matspiller hunn Brasilien als Weltmeeschter getippt: abee, déi Punkten si fort, Brasilien verléiert an der 1. Véirelsfinall am 11m-Schéissen géint Kroatien an flitt als gréisste Favorit fréizäiteg eraus!
Bëssen iwweraschend bleift et och no iwwer 120 Minutten beim 0-0, a well Spuenien et och mol net fäerdeg bréngt am 11m Schéissen een eran ze kréien, fléien sie eraus, an an eiser Tabell bleift alles beim Alen, zumindest bis den Owend.
Erstaunlecherweis huet keen an den Top 10 Spuenien als Favorit - allerdéngs kéinten den Bruno Brunetti (12.) an den Yves B. (16.) an d'Top 10 rutschen, falls Spuenien sech géint Marokko duerchsetzt. Momentan steet et do nach 0-0 no 65 Minutten.
LuxPocahontas freet sech iwwer de 1. Goal vum Neymar deen no 2 Matcher Paus rem fit as, an klëmmt domatter op déi 6. Plaz. Muer gëtt et spannend wéi Portugal spillt, an den Top 10 hunn den Diogo Barreiro (1.) an de Luc R. (7.) op sie getippt.
Den Owend gewënnt Brasilien souverän 4-1 géint Südkorea, mee well jiddereen aus den Top 20 (ausser de Messi2013, hien fällt och 4 Plazen zréck vun 5 op 9) si als Favorit huet, ännert daat och wéineg am Klassement.
De Mëtteg setzt sech Kroatien no laangem Kampf schlussendlech am 11m Schéissen géint Japan duerch. Well awer just 1 vun 225 Matspiller Kroatien als Favorit getippt huet, ännert daat wéineg an eisem Klassement.